Volleyball Echternach

DE VBE firt op d'World League

Print PDF
Méi Infos am Attachment an op http://www.volleyball-verband.de
Attachments:
Download this file (World League.pdf)World League.pdf124 Kb

Garage Intini Cup zu Walfer den 29. an 30. Mee

Print PDF
Op dàr 13 Editioun vum Walfer Jugendtournoi woren am ganzen 44 Ekippen ageschriwwen. Iechternach war mat enger Minimes, enger Scolaires an enger Cadettes dobai. 2 Deg lang gouf em all Ball gekämpft an zum Schluss och mol en trauregt Gesiicht wann de Punkt un de Géigner goung, Trotzdem kennt jiddferen herno mat sengem obligatoreschen T-Shirt zefridden Hem.

D'Minimes sin di 07 vu 10 gin, D' Scolaires hun di 10 Plaz enner 15 Ekippen an d' Cadettes di 11 ennert 12 Ekippen erausgeschloen.

Schwarze Weekend fir den VBE

Print PDF
Op mannst wat di plakesch Resultater uget, wor dese Weekend alles anescht wéi erfollegraich. All eis Ekippen hu verluer, ugefang mat den Scolaires, de Cadettes,  den Dames 2, d' Hären an och di 1t Dammenekipp haten dese Weekend kee Gléck.

E Samsde schon as d'2t Dammenekipp ouni Passeuse op Luerentzweiler gefuer. Di 1t 2 Sätz sin erstaunlech gudd gelaf fir eis Formatioun, wat virun allem op engem staarken Service an enger Exzellenter défense berout. Dono hat Luerentzweiler awer den Trick raus, an hun hirersaits Drock gemach. Wéi den 3te Set mat 27-25 un d' Hemekipp goung, sin eis Meedercher net mi sou richteg an de Match komm, an hu sech am 5te leider misste geschloe gin

E Sonnden sin d' Hären op Bouneweg gerest fir sech dem Tabelleleader ze stellen. Och si hu missten mat enger deziméierter Ekipp untrieden, hu glaich 3 Stammspiller gefelt. A nodem si den 1te Set gebraucht hun fir sech ze fannen wor et nach e ganz ordentleche Match gin. Den 3te Set konnte mer souguer fir eis entscheden, ir di Stater am 4te Set de Sak zou gemach hun.

Och di 1t Dammenkipp huet sech am leschte Sonndesmatch, um sportleche Plang gudd aus der Affär gezunn. Um tableau stoung zwar e kloren 0-3 fir Mamer, ma wann en den Detail kuckt, war dat guer net sou klor.
Attachments:
Download this file (résultats8.pdf)All d' Resultater vum Weekend57 Kb

Jugendtournoi den 27. Dezember

Print PDF
9 Ekippen haten sech dest Joer ugemellt fir um Volleyballfeld geintenen unzetrieden. Um Enn gouf et eng Victoire fir den VCB, virum VCS an dem VCM, déi just mat Meedercher ugetruede woren. Eng Iechternacherekipp, mat 2 net lizenzéierte Spiller as op eng gudd 4te Plaz komm.

Wéi all Jor, goufen d' Spiller mat engem T-shirt an enger anstänneger Tut Kamellen fir hiren Asaz belount.

Fotoen vum Tournoi fannt dir ennert der Rubrik Fotoen.

Vill Spass
vo4x4-09

Gudde Weekend fir eis Ekippen

Print PDF
Schon e Freideg huet eis Dammen Ekipp mat engem Erfolleg zu Iechternach geint den direkte Konkurrent dikkrech de Weekend opgema. Mat engem relativ daitlechen Resultat an den Sette 1,2 a 4 , an dem knappe Verloscht vum 3te Set hun si den Sauerderby mat 3-1 fir sech entsched.

Nodems sech um Samsden eis Scolaires'en zu stroossen duerchgesat hun , gouf et e Sonnden ze Moien 2 batter Néierlagen souwuel fir Scolaires 2 zu Fenteng éi och fir Cadettes an d' 3t Dammen zu Iechternach geint stroossen respektiv Fenténg 2.

Mettes hun d' Dames 2 an d' Hären dun de Weekend sou ofgeschloss wi en ugefang huet - nämlech mat 2 Victoireiren. Dames 2 3-1 geint den Noper Amber-Lenster, an d' Hären an engem haard emkämpfte Match 3-2 geint Wolz.

Dono goung et dun op d' Sportleréirung an den Trifolion, wou d'succés'en vun der vergaangener Saison honoréiert goufen.
Attachments:
Download this file (résultats7.pdf)All d' Resultater vum Weekend38 Kb