18 October 2009
An engem intensiven spannende Match konnt eis 1t Dammen ekipp um Coupesweekend Revanche huelen fir di batter Néierlag virun enger Woch am Championnat an di jonk Ekipp vu Walfer aus der Coupe gehait..Taktesch gudd agestallt hu si vum 1te Set u gewisen, datt si et dene Walfer net su Liicht geinge mache fir an di nächst Ronn vun der Coupe anzezéihen. Och wann den 1te Set um Enn mat 26-24 u Walfer goung, huet e gesin haut wor méi dran, an et konnt e sech op e flott eMatch astellen.
Dest hun eis Dammen am 2te Set mat engem kloren 25-19 ennermauert, an d' Selbstvertrauen as emmer méi geklomm. An alle Beraicher wore mer konzentréiert an hun och keng Schwächephasen opkomme gelos. Des kruten di Walfer Meedercher nom Set unhand vun enger haarder Kritik vun hirem Trainer ze spiren.
Seng streng Wieder hun dann och Wirkung gewisen, a Walfer konnt ufanks vum 3te Set direkt e puer Punkten fortzéien, déi eis Dammen trotz gudder kämpferescher Leeschtung och net mi ophuele konnten.
Wien awer lo geduecht hat, Walfer géif de Match labber heemféiren hat d' Rechnung ouni de Wirt, pardon ouni di Iechternacher gemach. Agressiv um Service an an der Attack, konzentréiert am block an an der Receptioun hu mir de Géigner oft zur Verzweiflung bruecht an e Viirsprong rausgespillt de mer net mi hirgin hun. Um Enn stoung et verdingt 25-21 fir de VBE.
Am 5ten an decisive Set, konnte mer nom 1-0 fir Walfer, den Service iwwerhuelen, a mam Carmen, dono Kiki a Nadia um Service, an engem excellente Blockspill vu Martine, Lis a Michi wore mer baim Saitewiessel 8-4 am Avantage. Och wann di Walfer sech nach eng Kéier mat aller Agressivitéit géint d' Néierlag gewirt hun, housch et um Enn verdingt 3-2 fir Iechternach.
Mat sou enger zollitter Leeschtung dierft et engem net Bang sin fir de Rescht vun der Saison , ma des Saison as nach Lang an et ka nach vill geschéien. Dofir Carpe Diem; loosse mer desen Erfolleg genéissen.
Hären:
Am 2te Match vum Dag hun eis Hären et mam Coupeverdeedeger aus der Nationaldivisioun , Stroossen zedi gehat. Mat engem 4 Punkten Avantage pro Satz , wor en 1t Ziel fir net enner 10 ze verléiren. Ma am 1te Set haten eis di Stroosener wuel ennerschat, a mir konnte mat flott rausgespillte Punkten a mat Risiko um Service laang Zait mathalen. Et muss en awer och agestoen datt di Stroossener am 1te Set enorm vill Egefeler gemach hun, an eis demno en etlech Punkte geschenkt hun. Um Enn trotzdem net onverdingt (just) 25-21 fir de Favorit.
Am 2te Set hun si hir Feelerquot dun daitlech reduzéiert a mir kruten hir Servicer kaum nach enner Kontroll. Du wor et schwéier sech ege Möiglechketen rauszespillen, a Stroosen huet Souverän mat 25-11 ofgeschloss.
Am 3te Set hun si bessen emgestallt, hirem Nowuespasseur d' Geleenhet gin sech ze beweisen. Ma virun allem hiren Service wor hir stärkste Waff, an sou wor et um Enn en daitleche Fazit mat 25-17 fir Stroossen.
Demno as fir d' Häre Schluss mat der Coupe de Luxembourg, ma fir d' Damme get et virun, a mir dierfe gespant sin wéi de Géigner an der 1/4 Finall heescht...



