Knapp vorbei ...

Print PDF

Am Match geint de Vize-Champion vun der Gym Bouneweg, hun sech eis Dammen gescht méi wi nemme gudd aus der Affär gezunn. Gouf et di lescht 2 Joer geint dese Géigner emmer daitlech Néierlagen sou huet des Kéier  laang Zait dono ausgesin wéi wann hei eng Iwweraschung dra wir.

Virun allem am Block an an der Défense hun sech eis Meedercher géint di schlagkräteg Attaquante vun der Gym behapte kennen. Leider goung de saz um Enn mam klengstméiglechen Ennersched, 24-26 un d' Gym.

Am 2te Set huet eis Ekipp mat anerer Passeuse ugefang, an och an desem Saz hu mir um selweschte Niveau gespillt wéi de Vize-Champion. Um enn rem datselwescht Bild: 24-26 fir d' Gym.

Am 3te Set wor d' Bild mi kloer - fir d' Gym - individuell Feler a Konzentratiounsmangel op Iechternacher Sait hun der Gym et erlabt einfach Punkten ze marquéiren. Och eise Block wor net mi sou gudd an agressiv wi nach an den 1te 2 Sätz.  Schlussscore 18-25.

Fazit: E plakescht Resultat (0-3) , dat awer guer net sou klor an daitlech wor. di nächst Woch get et géint Bartreng an hei waert sech weisen op mer den excellente Niveau vun den 1te 2 Sätz dese Weekend och iwwert de ganze Match hale kennen an eventuell di 1t Victoire am Championnat kenne feieren.

Wat leeft?


07.04.12

Lëtzebuerger Owend am Trifolion
Orch. Pol Milbert

volleyball.lu


This photo is brought
to you by
volleyball.lu.